Den SEW/OGBL, de Landesverband, d’FGIL an d’Ligue de l’enseignement invitéieren all Enseignanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire op eng Conférence-débat iwwert den nationale Bildungsbericht.

09. Juin 2022

Den SEW/OGBL, de Landesverband, d’FGIL an d’Ligue de l’enseignement invitéieren all Enseignanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire op eng Conférence-débat iwwert den nationale Bildungsbericht.






De 27. Juni 2022 vun 19.00 - 21.00 Auer
Am Centre Prince Henri
3, rte de Diekirch
L-7220, Walferdange


D’Dr. Susanne Backes an den Dr. Thomas Lenz, Chercheuren op der Uni Lëtzebuerg an Auteure vum Bildungsbericht presentéieren d’Eckdate vum lëtzebuerger Bildungsbericht mat Schwéierpunkt op d’Ongläichheeten, d’Méisproochegkeet an di grouss Differenz vum Niveau vun de Kompetenzen.
No der Präsentatioun ass en Debat virgesinn.

Am Uschloss invitéieren d’FGIL, den SEW/OGBL, de Landesverband an d’Ligue de l’enseignement all ‘Participanten op e klenge Patt mat Schnittercher wou an enger lockerer Atmosphäre gären dierf weider diskutéiert ginn.
D’Konferenz gett als Formation vum IFEN unerkannt
"Umeldungen direkt um Site vum IFEN
"

(Accès mam IAM-Code)
Le rapport sur l’éducation 2021 est tout particulièrement consacré aux thèmes de la digitalisation et de l’éducation au développement durable, se posant notamment la question de savoir si les écoles luxembourgeoises sont « prêtes pour l’avenir ». Il combine des analyses ciblées avec des fiches d’information, ou « Factsheets », basées sur des données et indicateurs. Le rapport sur l’éducation fournit ainsi une base scientifique indépendante pour un débat éclairé concernant l’avenir de l’éduca-tion au Grand-Duché.