Revue de presse



Articles




04/10/2017

RTL.lu : "Anstänneg Datz Punkto Educatioun fir de Claude Meisch"



Déi stäerksten Oppositiounspartei geet mat wéineg Optimismus an dat lescht parlamentarescht Joer virun de Wahlen den nächsten Hierscht.



"Mir erwaarden eis carrement näischt, dann ass d'Gefor am klengsten, dass mer enttäuscht ginn", sot de Fraktiouns-Chef Claude Wiseler e Mëttwoch de Moien, deen awer betount huet, dass et eng ganz Rëtsch vu wichtegen Dossiere géif ginn, wou d'CSV sech konkret Propositioune vun der Majoritéit erwaart.



Besonnesch a Punkto Educatioun missten déi enorm Onrouen ophalen, déi den Ament herrschen. Dat wier awer majoritär och dem zoustännege Minister verschëlt, deem seng Politik vum Claude Wiseler eng anstänneg Datz krut.

Et hätt een et hei mat engem Minister ze dinn, dee Reformen iwwerstierzt an déi net ausgeräift sinn. Hie géif alles schéi rieden an enger éischter Etapp a wann hien et net méi fäerdeg bréngt, der Administratioun d'Schold ginn. An dann dierften d'Enseignanten anscheinend emol net méi driwwer schwätzen. Schlussendlech gëtt dann och nach d'Press ugegraff.

Fir d'CSV ass dat eng Attitüd, déi net acceptabel ass.
 
Et géif ee kloer mierken, dass d'3er-Koalitioun elo schonn de Kapp an de Sand géif stiechen a just nach Wahlkampf-Politik géif maachen. E "Schéi-Geschwätz vum Duercherneen" huet de Claude Wiseler et e Mëttwoch de Moie genannt.

lire la suite


04/10/2017

Luxemburger Wort : "Wir wollen unsere Neutralität bewahren"



lire la suite


04/10/2017

Tageblatt : "Sonderpädagogen bangen um Unabhängikeit"



lire la suite


04/10/2017

Quotidien : "Le perosnnel de l'Ediff se dit "consterné""



lire la suite


04/10/2017

Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek : "Forderungskatalog an den Minister"



lire la suite


03/10/2017

RTL.lu : "Ediff : Personal mat Bedenken, Minister mat 3 Virschléi"



En Dënschdeg de Mëtteg hu sech d'Personalvertrieder zu Wuert gemellt, duerno hu si sech mam Minister gesinn an owes war de Claude Meisch op der Télé.



"Grouss Onzefriddenheet an der 'Education Différenciée' - kënne mir eise Kanner nach gerecht ginn?" Ënnert deem Titel haten d'Personalvertriedung aus der Ediff (= Education différenciée) an den SEW, de Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, en Dënschdeg op eng Pressekonferenz geruff.

Do gouf nach emol ënnerstrach, datt een den Detachement vun den 169 spezialiséierte Mataarbechter refuséiert ...



... dat ass eng vun am Ganzen 11 Fuerderungen.

Eng aner ass, datt een den Affekot vun de Kanner mat Behënnerung an de Kanner mat Schwieregkeeten an der Grondschoul wëll bleiwen, d'Dany Maller: "Eis ass et wichteg, fir de Bléck vu baussen ze behalen. Fir e Kand, wat soll integréiert ginn, wou et oft Problemer ginn, entweder se leie beim Kand oder am System a mir kënnen net zu deem System selwer da gehéieren. Mir wëlle gär Partner bleiwen an d'Bréck och bleiwen, tëscht Elterenhaus a Schoul."

Da wiere sech Personaldelegatioun an SEW och dogéint, dass déi betraffe Kanner an Elteren enger méi breeder Ëffentlechkeet ausgesat gi, wa si a Gespréicher oder psychologesch respektiv pädagogesch Tester ginn, pochen op Vertraulechkeet a wëllen den IQ vum Kand net viru groussem Publikum musse breet trëppelen.



Dann ënnersträichen Personaldelegatioun an SEW, datt d'Qualitéit vun der sonderpädagogescher Aarbecht net opgrond vun mangelhafter Planung an der Schoulpolitik dierf erofgoen: "Mir fuerdere Respekt vis-à-vis vun eiser Aarbecht." Déi ganz Reform wier iwwer de Knéi gebrach ginn an et wier een och net agebonne gewiescht, et wier een also net respektvoll behandelt ginn, wat och en Impakt op d'Aarbecht mat de Kanner hätt.

Iwwert all dës Fuerderungen hunn d'Personaldelegatioun aus der Ediff an den SEW am spéiden Nomëtteg mam Minister Meisch geschwat, ma am Virfeld vun dëser Entrevue war d'Stëmmung relativ ugespaant. De Patrick Arendt vum "Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft" schwätzt dovun, datt am Virfeld Drock vum Ministère gemaach ginn, Leit wiere menacéiert ginn, fir d'Pressekonferenz ze verhënneren.

Op RTL Télé Lëtzebuerg huet de Claude Meisch um Dënschdeg den Owend op d'Fuerderunge vum Ediff-Personal an op d'Virwërf vum SEW reagéiert.

De Minister huet dora betount, datt ee kengem géif virschreiwen, eng Pressekonferenz ze maachen oder net, ma hien hätt sech léiwer virdrun un en Dësch gesat, déi Entrevue wier elo duerno gewiescht. Ma, an dat sot de Minister och, et misst een awer wëssen, wat een op enger Pressekonferenz seet a wéi eng Reaktiounen dorop kommen.

De Minister huet um Plateau vun der Tëlee vun enger gudder Reunioun geschwat an nach eemol betount, datt dëst Joer 100 an dat anert Joer nach eemol 200 Leit bäikéime fir de Secteur vu Kanner mat spezifesche Besoinen.

"Grouss Onzefriddenheet an der 'Education Différenciée': Kënne mir eise Kanner nach gerecht ginn?" froen d'Personalvertriedung aus der Ediff an den SEW.

De zoustännegen Educatiounsminister Claude Meisch war am Studio, fir op d'Fuerderungen an d'Froen ze äntweren.



Et wier och scho méi laang bekannt gewiescht, a wéi eng Richtung d'Reform geet, vun enger "Nacht- und Nebelaktioun", wéi d'Gewerkschaft et gemaach huet, kéint een net schwätzen. An de Minister huet och déi nei Strukturen nach eemol verdeedegt, et wéilt ee méi inklusiv schaffen an dat géif een elo maachen. Et wier och héich Zäit ginn, d'Ediff ze iwwerschaffen, zanter 1973 wier d'Education différenciée ni richteg op de Leescht geholl ginn.

Och d'Responsabilitéit, ënner där ee géing schaffen, wier ëmmer kloer gewiescht an ob een elo ee Joer méi fréi oder méi spéit ënnert d'Autoritéit vun de Regionaldirektere géif wiesselen, dat wier en Detail an esou enger grousse Reform.

An déi fachlech Aarbecht vum Personal géif d'selwecht bleiwen, mat deene selwechte Kanner!

Minister mat 3 konkrete Virschléi

Well d'Verständnis vun der Reform op béide Säiten awer nach net dat selwecht wier, huet de Minister wëlles, 5 Reunioune mat dem betraffene Personal aus den EMPen, also den Equipes multi-professionnelles, ze maachen, an de Regiounen.



Weider gëtt gekuckt, ob net nach Leit, mat laanger Erfarung, aus den EMPen an déi regional Direktioune wiessele kënnen, dat fir d'Vertrauensbasis ze stäerken. Doriwwer sollt nach eemol geschwat ginn.

An och wann den Detachement elo vollzu géif ginn, esou kéint een, wa spéider een an en nationale Kompetenzzenter wiessele wéilt, deene Leit Prioritéit ginn.

Iwwer déi Virschléi wéilt d'Gewerkschaft nach eemol intern diskutéieren, esou de Minister.

lire la suite
1 255 256 257 259 260 261 388