RTL.lu : "Schoulpolitik: Patrick Arendt géint Claude Meisch"
05/10/2017Am Enseignement rumouert et an de leschten Deeg nawell fatzeg. Wéi onzefridden ass d'Léierpersonal, gëtt ëmmer méi vun hinne verlaangt?

Eng schlecht Ambiance beim Léierpersonal, Enseignanten, déi ageschüchtert ginn an ëmmer méi administrativ Aarbecht musse maachen. Dat Bild huet den Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL fir d'Rentrée, vum Beruff vum Schoulmeeschter gezeechent. Den SEW huet ënnerstrach, datt d'Politik vum Minister Meisch ëmmer manner Zoustëmmung an de Schoule fënnt.
Um internationalen Dag vum Enseignant diskutéieren de President vum SEW, de Patrick Arendt an de Minister Claude Meisch mateneen hei op der Antenne.
De Face-à-face iwwert d'Schoulpolitik um Donneschdeg nom Mëttesjournal géint 12.45 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.
