Liesung mam Roland Meyer

30/11/2015

fgil@rts präsentéiert




Liesowend mam Roland Meyer


Zikelalarm



eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

Bildungsreform: Kompetenzsockelen, PEP, Zikelen, PRS, Smily-

Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-

Pedagogik ...



 
Freides de 29. Januar 2016

um 19.15 Auer

am Restaurant "INSIDE"
37, avenue Pasteur
Luxembourg



Lifelong learning: Dir wësst jo all, wéi dat geet! Et kënnt een dohinner, 20 Persoune sëtze genéiert an engem grousse Krees a mussen sech der Rei no virstellen. Do héiert een dann 20 Mol dieselwechte Saz, dien dien ischtgefrote sech zesummegebastelt hat, an um Enn hues du all d’Nimm nees vergiess.

Dann eng kuerz Introduktioun vum deier bezuelten ausläneschen Expert an dono...: Aarbechtsgruppen. Ouni arbechtsgruppe leeft beim Life-long Learning guer näischt. Déi, déi sech kennen, stellen sech de Batti, fir beieneen e kommen. Déi aner kucken, fir een ze fannen, dien no äifregem Schaffen ausgesäit; die kann dann déi ganz Aarbecht maachen.

No 3 Stonnen daucht den Expär dann nees op an da kënnt dat Bescht: All Aarbechtsgrupp stellt seng Aarbecht vir: o kriss de eppes ze laachen, do schwätzen da ganz normal Leit op eemol, wéi wa se vun alle gudde Geeschter erlooss wieren. Dien auslänneschen Expär, dien elo mécht, wéi wann en alles géing verstoen, fënnt dat dann och nach gutt. Do amëséieren ech mech ëmmer am beschten – bis ech selwer dru kommen...

A wann s de da ganz vill Pech hues, a wann nach Zäit bleift, da kënnt elo mat absoluter Sécherheet nach e ollespill. Ech hu bis haut nach net verstanen, firwat esou ee Rollespill gutt soll sinn. Op alle Fall behëlt sech do jiddereen esou, wéi en sech ni am normale Liewe behuele géif. Definitiv net! Ech erwëschen ëmmer d’Haaptroll, well déi Clever sech déi kleng Rollen direkt ënner den Nol gerappt haten. An da kann ech mech, zum Amusement vum ganze Sall, fir déi nächst zéng Minutten zum Klon maachen.

Well den Expert dee leschten Zuch nach muss kréien, bleift keng Zäit méi, fir d’Rollespill ze diskutéieren an auszewäerten, a mir ginn alleguer mat engem Zertifikat an der Hand entlooss.

Wann ech da kuerz drop mäi Computer doheem umaachen, wat fannen ech do: Een Evaluatiounsziedel, op diem ech op 200.000 verschidde Manéiere muss ukräizen, wéi gutt dien Expär alles gemaach huet a wat die Cours mir alles bruecht huet.





MENU

S O I R É E    D U    2 9 J A N V I E R    2 0 1 6

Plat à 30,-€ 


***


ENTRÉES

 Soupe de Poissons du Pêcheur, Croûtons et Rouille

ou

 Terrine de Lapin aux fruits secs, bouquet de Salade, vinaigrette à l’huile de noix

ou

Nems de Légumes Thaïlandais, sweet sauce pimentée



***

PLAT AU CHOIX


 Papillote de Saumon au Citron vert et Julienne de Courgettes au Sésame

ou

Train de Faux Filet rôti entier au Four, Frites Fraîches et Salade

ou

Wok de Nouilles de Riz aux Légumes Thaïlandais






#!form(zikelalarm):