Elo nei bei eis am Shop : D’Problemsbourse
08/07/2026Galerie
D’Problemsbourse
Är Bourse fir kleng a mëttelgrouss Problemer
Lynn Berchem
„Fillt iech bei eis gebuergen, well mir versuergen är Suergen.“ Mat dëse Wierder empfän-ken d’Probbien hier Clienten op der Problemsbourse.
Et geet ëm eng kuriéis Geschicht, déi sech an der Grondschoul vum jeeweilege Lieser
ofspillt. D’Lizzy ass e Meedchen aus dem Cycle 3 an et geet him eigentlech ganz gutt,
trotzdeem beklot hat sech iwwer ganz villes a sengem Liewen. Seng Frënn roden him mat
all senge perséinleche Problemer op d’Problemsbourse ze goen. „Du gëss ee Problem of an du kriss een aneren amplaz.“ Ganz einfach. Oder net?
|
|

