Liesowend mam Roland HARSCH
01/04/2015![]() |
Liesowend mam Roland HARSCHFreides, den 8. Mee 2015 an der Brasserie Neimünster FGIL-arts invitéiert hier Memberen a Frënn an d’Brasserie Neimünster, wou de Roland HARSCH äis Auszich aus senge Wierker virliest |
De Schwéierpunkt vun der Liesung läit op dem neie Wierk Rasch(t) Auer:„Tëschent där enger an där aner Rasch-Auer (rush-hour), wou alles „rasch, rasch“, séier, séier muss goen, kënnt och ëmmer mol rëm eng Rascht-Auer, eng Zäit fir sech auszeraschten, fir sech z’erhuele vun deene sëlleche Strapaze vum stressegen Alldag, eng Zäit, wou een nodenke kann iwwert dat, wat een erlieft huet, wou een dat verschaffe kann, wat engem widderfuer ass… „ |
![]() |
Weider liest de Roland HarschTexter aus de folgende Wierker:
- Musikalische Federspiele
- Kalendarium für geplagte Stadt- und Landleut
- Laub und Nadel
- PARODIES und DAS
- DUDA
Zwéi Kollege vum Roland Harsch suerge fir déi Musikalesch Begleedung:
- de Jean-Marie Oberlinkels: Saxophon
- de Serge Wenzel: Keyboard
Fir deen Owend huet de Kach aus dem Neimënster äis d’Wiel tëscht 2 Menüe virgeschloen.
Taboulé de quinoa, concombre et crevettes grises
Pavé de saumon d’Ecosse, sauce vierge, pomme de terre châteaux, petite ratatouille
Salade de fruits frais parfumée à la menthe
Menu 2
Gaspacho de tomate, duxelle de concombre, huile de basilic
Pièce de boeuf, sauce bèarnaise pomme de terre cendrée, titan de tomate
Aumônière de pomme parfumée au calvados sur lit de crème anglaise
*
Vin blanc ou vin rouge: 1 verre par personne
1 soft ou une bière par personne
½ eau plate ou eau gazeuse par personne
De Menü kascht E gëtt um 19.00 Auer servéiert. De Roland HARSCH fänkt um 20.30 Auer mat de Liesungen un.
D’Umeldunge kënne gemaach ginn op
fax.: 49 20 94
courrier FGIL
1, rue J.-P. Sauvage
L-2514 Luxembourg
oder mellt Iech einfach hei online un
D’Entrée ass fräi, de Menü an d’Gedrénks ginn op der Plaz bezuelt.


