RTL.lu : "Lëtzebuerger Enseignante verdéngen europawäit am beschten"
05. Octobre 2017Am Kontext vum internationalen Dag vum Enseignant, dësen Donneschdeg, huet Eurostat eng nei Etude publizéiert

Weltwäit gëtt et een enorme Besoin un Enseignanten, fir de Kanner eng gutt Schoulausbildung ze erméiglechen. Bis d'Joer 2030 ginn den aktuelle Prognosen vun der UNESCO no, weltwäit, bal 69 Milliounen nei Enseignanten gebraucht.
Um Donneschdeg ass den internationalen Dag vum Enseignant. Enger Etude vun Eurostat no, déi e Mëttwoch an deem Kontext publizéiert gouf, ass hei zu Lëtzebuerg nëmmen all 5. Enseignant méi al wéi 50 Joer. Den Duerchschnëttsalter vun de Enseignanten ass domat deen Niddregsten an der Europäescher Unioun, hanner Groussbritannien a Malta.
A punkto Salaire schneiden d'Enseignanten hei am Land europawäit am beschten of. Der Etude no, louch de Brutto-Salaire vun engem Enseignant an der Fonction Publique op ee Joer bei ronn 90.600 Euro. Den Enseignement ass dann och weiderhin ee Beruff, wou an der Majoritéit Frae vertruede sinn. Hei am Land sinn 65% vun den Enseignanten an der Grondschoul an am Secondaire weiblech. Bal 6.800 vun den am ganzen 9.900 Enseignante waren am Joer 2015 Fraen.