Plakeg a mat vill Gejäiz
14. Octobre 2017Laache fir e gudden Zweck

63, rue de Bonnevoie
Luxembourg

Hannert dësem dubiéisen Titel verstoppen sech Sketcher aus der eegener Fieder, lëschteg Lidder, Pantomime an Clownerien, an dat Ganzt garantéiert alles jugendfräi. TRI2PATTES viséiere virun allem déi Leit, déi sech net ze vill eescht huelen, an gären mol häerzhaft laachen. An anere Wieder, hei kritt all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen, an déi aner dierfen him dobäi hëllefen.
Laache fir e gudden Zweck
D’Originalitéit vum Projet läit virun allem doranner, dat de Benefiss vun dëser Tournée integral un ‚EBS – Ecole de Brousse au Sénégal, Lëtzebuerg‘ geet, eng Associatioun, déi domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigenden vum Senegal matfinanzéiert - also mol méi eng lëschteg Aart a Weis fir Fongen fir een philanthropesche Projet ze sammelen.
Den Entrée ass fräi !
Et besteet d’Méiglechkeet fir en Don fir de Projet ze maachen
Umelldung ass obligatoresch!
#!form(tri2pattes):
Galerie
