Kabaretistesch Liesung mam Jhemp Hoscheit a mam Jules Arpetti

24/01/2017

Galerie

"Sorry fir deen Duercherneen!"

2016 ënner d'satiresch Lupp geholl

VIC_0540bw_-_copie.jpeg

Text: Jhemp Hoscheit

mam: Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

Mëttwoch den 1. Mäerz 2017

ab 19.00 Auer

am Café de la Place

zu Bouneweg





Et ass eng ofwiesslungsräich, kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2016 national an international geschitt ass. De Jhemp Hoscheit – zesumme mam Jules Arpetti – maachen e polit-satiresche Réckbléck, eng Chronik iwwert d'Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Commentären. Et ass eng Liesung wéi aus engem Roman. Aus engem Goss. Et ass awer keng Fiktioun, mee d'Realitéit. Mount fir Mount. An och wann d'Aktualitéit net ëmmer lëschteg war, gëtt se mat Humor an Ironie op d'Schëpp geholl.

De Jhemp Hoscheit, deen Enn vun den 80er Jore mam Jemp Schuster als J(h)emp2 opgetratt ass, an de leschte Jore mat senge Romaner mam Jules Arpetti op véier Liestournéë war a fir déi lescht véier Cabarenert-Programmer matgeschriwwen huet, huet elo fir d'éischt e ganze Cabaretprogramm geschriwwen, deen op d'Tournée wäert goen.
D’FGIL, an Zesummenaarbecht mat der Editions Binsfeld, proposéiert Iech dëse satiresche Spaass, opgelackert mat musikaleschen Intermezzi vum Jules Arpetti, servéiert mat lëtzebuerger Spezialitéite vum Cosymo Longo an dat engem neie Kader.

D’FGIL servéiert :

Ab 19.00 Auer : Accueil mat engem Glas Crémant an Amuses-bouches

Duerno den 1. Deel vum Jhemp Hoscheit sengem Programm

An der Paus

Dem Cecile Bock hiren Ierzebulli!

Mat frëschen Ierzen, Schallotten, Speck, Mettwurscht a Sauerram

Am Boll servéiert, als Bäilag Knueweleksbaguette

oder

Bouneschlupp wéi Doheem!  

Mat frësche Bounen, Poretten, Gromperen, Speck, Mettwurscht a Sauerram.

        Et gëtt och am Boll servéiert an do als Bäilag: selwer gemaachte  Paangecher. 

Den 2. Deel vum Programm

A fir ofzeronnen als Dessert

En Teller Schneeckereien an e Café

Onkäschtebäitrag : 48 € pro Persoun

Et si genau 50 Plazen disponibel

De Café de la Place as zu Bouneweg niewend der Agence Binsfeld

op der Place du Parc

 cafe.jpg

 Fir ze parke proposéiere mir d’Parkhaus an der rue Sigismond

(bei der Bouneweger Schwemm)

plan.jpg



>>>>Online umelllen<<<<