"Fréier wor alles - " - ANNULÉ (une nouvelle date sera déterminée prochainement)
04. Février 2020![]() |
![]() |
No den éischte Virstellungen – an dat mat groussem Publikumserfolleg – trieden déi zwee Artisten – Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit – mat hirer neier kabarettistescher Liesung Donneschdes, den 19. 3. 2020 am Café de la Place zu Bouneweg op. An dëser satirescher Zäitrees kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck.
No de politesche Joresréckblécker 'Sorry fir den Duercherneen' (2017) a 'Märd alors!!!' (2019), ass den neie Programm e witzegen, ofwiesslungsräichen zäithistoresche Réckbléck vun de 6oer Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.Vu Bonanza bis zum Game of Thrones.
Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.
De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmmen kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.
![]() |
![]() *) De Café de la Place ass zu Bouneweg niewent der Agence Binsfeld op der Place du Parc. Fir ze parke proposéiere mer d'Parkhaus Piscine Bonnevoie an der Rue des Ardennes. |
D'FGIL, den SEW/OGBL an de Landesverband, an Zesummenaarbecht mat den Editions Guy Binsfeld, proposéieren Iech dëse satiresche Spektakel, bei deem fir Iessen a Gedrénks gesuergt ass.
#!form(inscript_hoscheit_2019):




