Nei um Bichermaart: Henri Losch: De Geescht an där aler Brauerei
09/12/2009Den Henri Losch weist mat dëser spannender Geschicht, datt hien och am fortgeschrattenen Alter näischt vu senger narrativer Quirlegkeet verluer huet. De Reiz vun dëser neier Story läit doran, datt den Auteur eng an der Géigewaart ugesidelt Handlung (zwéi Jongen op der Sich no engem Goldschaz) mat Evenementer um Enn vum Zweete Weltkrich verbënnt, sou datt de Roman nieft senger Ënnerhaltsamkeet och e pedagogeschen Zweck verfollegt (wéi dat beim Henri Losch meeschtens de Fall ass).
De Pol, ee Jong aus der Brauereistad Dikrech hëlt per Radio Kontakt op mat engem onheemleche Personnage an deet de Kevin, e Stater Jong, dee bei him an der Vakanz ass, gleewen, an de Kellere vun deem ale Gebai géing een amerikaneschen Zaldot erëmgeeschteren, deen an ee Phantom verwandelt gouf, well en do no engem Goldschaz gesicht a fonnt huet.
Dee gëtt et, awer ganz anescht wéi een sech e Geescht virstellt.
Puzzleméisseg entdecken déi zwéi Frënn Kevin a Pol – ganz an der Traditioun vun „Fünf Freunde“ –, wat et a Wierklechkeet mat der Mär vum ale Geescht a sengem Goldschatz vun der aler Brauerei (an där elo den Nationale Militärmusée ënnerbruecht ass) op sech huet. Et kristalliséiert sech lues a lues eraus, datt sech deemools am Wanter 1944-45 do an deenen déiwe Kelleren eppes Dramatesches ofgespillt huet.
An si fannen eppes Aussergewéinleches, sou vill duerf ee roueg verroden.
.......................................
Henri Losch. De Geescht an där aler Brauerei. Gebonnen, 15 x 22 cm, 120 Säiten. Präis: 19 €. ISBN: 978-2-87963-757-0.
An de Bicherbutteker oder einfach dës Zomm op de BCEE-Kont vu saint-paul luxembourg LU61 0019 1300 6666 4000 iwwerweisen, mam Vermierk vum Titel. D’Buch gëtt ouni weider Käschten heemgeliwwert. Och erhältlech iwwer www.editions.lu .
