Projet vun der FGIL fir d’Summervakanz 2012

07. Février 2012

Fir d’Summervakanz si mer am Gaang mam Reesbüro Emile WEBER eng Flug- Busrees an de Balkan auszeschaffen. Déi Rees géif tëscht dem 22/23. August an dem 3/4 September gemaach ginn.

Flug op Zagreb. Do kréie mer e moderne Reesbus mat Chauffeur vu Voyages Emile WEBER.

D’Rees féiert äis dann duerch Kroatien, deelweis duerch Serbien, Bosnien a Montenegro. Hei e puer Héichpunkten: Zagreb – Sarajewo – Naturpark Plitvice – Mostar – Dubrownik – Kotor – Sibenik – Split – eng Schëfffahrt laanscht d’Kroatesch Küst, ..... Zum Schluss 2 bis 3 Deeg fir auszerouen! Zeréck mam Fliger.

Déi Membere vun der FGIL, déi un dëser Rees interesséiert sinn, solle sech , da kréie se den definitive Programm zougescheckt, soubal en ausgeschafft ass.