|
D’Spill „FEEL !T“ ass ee neit Gesellschaftsspill vun enger Mini-entreprise aus dem Dikrecher Kolléisch, wat de Kanner d’Alphabet op eng spilleresch Aart a Weis bäibréngt a gläichzäiteg hier Feinmotorik fërdert. Et ass entworf fir Leit mat an ouni Séibeanträchtegung zesummenzebréngen. D‘Spill besteet aus 26 Holzbuschtawe mat dozou passenden taktile Kaarten, enger Sandauer, déi all an engem Sak aus recycléierten Jeans dra sinn. Fir ze spillen zitt een eng taktil Kaart, dréint d’Sandauer ëm a sicht déi entspriechend Buschtawen am Sak. Et gi puer Spillvarianten vu FEEL !T an de Spaass beim Spillen ass garantéiert.
FEEL !T – Ee Spill fir jiddereen !

|
|