Remise du Prix Nic Thoma 2005

17. Février 2005

17 février 2005
à l'hôtel Parc Belair à Luxembourg



>>> photos<<<


De 17. Februar 2005 am Hotel Parc Belair zu Lëtzebuerg un d'Primärschoule vu Wolz

A Präsens vun der Madame Minister Mady Delvaux- Stehres, ville Prominentenaus Politik a Gesellschaft an Memberen a Frënn vun der FGIL gouf de 17. Februar de 17. Prix Nic Thoma un déi Wëlzer Primärschoul iwwerreecht.

A senger Laudatio ass de Präsident vun der FGIL Ed Kirsch op déi immensen Défien agaangen, mat deen eis Schoul konfrontéiert ass: en ze schlechte PISA Ranking eng ze grouss Chancenongerechtegkeet an der Bildung eng ëmmer méi komplizéiert Sproochesituatioun feelend Infrastrukturen, mat Containerklassen a Containerschoulen, mat der Belsch déi am mannst exigent “formation des maîtres “ an der OECD.

De Prix Nic Thoma soll e puer vun deene villen engagéierte Pädagogen déi Dag fir Dag op e neits mat flotte Methoden an Unterrechtsmaterialien, mat klengen a mat grousse Projet, mat Innovatiounen a Reformen, hir Schüler och am Kader vum bestehenden onzoulängleche System ze begeeschteren an ze motivéiere wëssen.

Et soll och bewise ginn, datt d'lëtzebuerger ëffentlech Schoul besser, méi attraktiv a performant ass, wéi se oft duergestallt gëtt.

D'Wëlzer Schoulen, Enseignant a Schüler an exzellenter Zesummenaarbecht mat der Gemeng a mat der Elterevereenegung, woren dëst Joer d'Lauréate vum Prix Nic. THOMA, vum Jury erausgesicht ënner net manner wéi 10 elauter valabele Kandidaturen.

Am Schouljoer 2002 - 2003 hu se an hire Klassen ee formidabelen Ëmwelt Projet lancéiert, wou aktiven Ëmweltschutz duerch eng maximal Offallvermeidung an eng propper a sécher Offallentsuergung vum Restmüll viséiert gouf.

D'Initiative gouf a perfekter Teamaarbecht vun enger gudder Dosen Enseignant, ënnert der Leedung vum Simone Urbe, geplangt an duerchgefouert.

Dësen ëmweltpolitesche Message gouf de Schüler op eng kandsgerecht a flott Manéier vermëttelt, an enger konstruktiver Mataarbecht mat de Gemengenautoritéiten an der Eltereschaft.

Si hu ronn 600 Wëlzer Schoulkanner dozou bruecht, keng Séissegkeeten, keng Eeweefläschen a Béchsen a kee Sëlwerpabeier méi mat an d'Schoul ze bréngen. Gemeng an Eltere goufen ermontert an iwwerzeegt, a méi durabel Schoulmaterialien ze investéieren. Poubellë mat verschiddene Faarwe goufen an de Schoulen opgestallt, fir eng optimal Restmülltrennung ze erreechen. Didaktesch a pädagogesch gouf dat Ganzt begleet an ënnerstëtzt duerch e.a.e Schüler-Modedéfilé aus recycléiertem Material, eng Aart Müllmodenschau. D'Schüler hate während der Ouschtervakanz mat vill Phantaisie un dësem speziellen Défilé geschafft a si goufen dobai encadréiert vun der Équipe vu den Educatricë vum Service éducativ.

Fir déi Kléng bis zum Ënnergrad gouf e Molbuch mam Titel “Meuterei am Drecksdëppen“ élaboréiert a publizéiert. D'Illustratioune wore vum Mim Esch-Hofferlin, Texter vum Simone Urbé.

Et koum zu enger grousser Expositioun mat Bastelaarbechten, Photoreportagen, Musek an Texter zum Thema “Alles Dreck, oder ?“ vun alle Kanner vum précoce iwwert de préscolaire bis zum primaire.

Am Juli 2003 hunn d'Schüler vum Uewergrad ënnert der Regie vun 2 Enseignant mat vill Erfolleg de Musical “Et ass 5 vir 12“ opgefouert. Nom grousse Succès ass d'Joer drop, also am Juli 2004, mam Stéck “Momo“ nees e neie Musical geschriwwen an opgefouert ginn.


layout spacer pixel E spezielle Präis vum Jury goung nach un d'Schoulbibliothéik vun Niderkuer, un de Centre scolaire "Am Sand" vu Nideraanven fir hir Opféierungen "Fou de français" an "Déi Verzaubert Prinzessin" an un d'Schoul vu Roodt/Syr fir "Die unglaubliche Reise mit der Zeitmaschine".

Patrick Arendt



D'Ried vum Präsident Ed Kirsch bei der Iwwerreechung vum Prix Nic. Thoma 2005

Wann ee sech Gedanke méch, iwwert d’Situatioun, Adaptatiounsfähegkeet an d’Performance, vun der lëtzebuerger. Schoul, da gëtt et op d’mannst zwou Approchen, fir déi Analyse virzehuelen, zwou Approchen, déi allebéid hir Justifikatioun hunn. Engersäits kann een, jo et muss een, wann een eppes ännere wëll, vun deen immensen Défien ausgoen, mat deen eis Schoul an dësen Deeg an net nëmmen zu Lëtzebuerg konfrontéiert ass: onemgänglech Elementer an där Diskussioun si da selbstverständlech:
  • En ze schlechte PISA Ranking
  • Eng ze grouss Bildungschancenongleichheet
  • Eng ëmmer méi komplizéiert Sproochesituatioun um Hannergrond vun enger massiver “immigratioun pluriel“
  • Weiderhin feelend Infrastrukturen, visibel notamment duerch d’Weiderbestoen, jo d’Zouhuele vu Kontainerklassen an souguer Kontainerschoulen
  • Mat der Belsch déi am mannst exigent „formation des maîtres“ am ganzen OECD Espace... an et kënnt ee souguer weiderfuere mat dëser negativer Opzielung.
  • Insgesamt handelt et sech do ëm Defiziter, wou mir Schoulmeeschteren a Léierinnen eis zwar ëmmer nees zu Wuert melle – notamment iwer eis Gewerkschaften an Delegatiounen -an och valabel Propositiounen ënnerbreede, mais wou awer a leschter Instanz d’Politik gefuerdert ass a wou et bekanntlech net ëmmer esou schnell weidergeet, wéi mir et gären hätten a wéi et néideg wier.


An da gëtt et déi aner Approche ganz am Sënn vun engem Aktiounsmësnch, wéi den Nic. Thoma ee wor, an do heescht et: trotz oder vielleicht grad wéinst dee villen Schwieregkeeten nolens volens vun der aktueller Situatioun ausgoen a ganz no der aler Devise HIC ET NUNC. Also „Hei an elo“ aktiv gin an dat Bescht fir d’öffentlech Bildung an domat fir eis Schoulkanner an d’ganz Gesellschaft ubidden an erausschloen.

Et ass dës zweet Approche, déi Honnerten an Dausenden vun engagéierten Pädagogen um Terrain anhuelen, wann se Dag fir Dag op e Neits mat flotten Methoden an Unterrichtsmaterialien, mat klengen a mat groussen Projet, mat Innovatiounen a Reformen, hir Schüler och am Kader vum bestehenden onzoulänglechen System ze begeeschteren an ze motivéiere wëssen.

Et ass och dës zweet Approche, déi all Kéier beim Nic. THOMA Preis am Virgronn steht a wou gewisen a bewise gëtt, datt d’lëtzebuerger ëffentlech Schoul eigentlech besser, méi attraktiv a performant as, wéi se oft duergestallt gëtt.

A wann een d’Statistik vum Nic. THOMA Preis noliest, da schéngt dës pragmatesch, mee efficace schoulpolitesch Vue nawell besonnesch am Norden vum Land d’Regel ze sin a konsequent a mat vill Erfollech ugewand ze gin.

Et ass nämlech lo schons déi fëneffte Kéier, bei 17 Attributiounen am ganzen, wou den Nic Thoma Preis an d’Éislek geet, vill méi dacks also, wéi déi réng Schülerzuelen dat normalerweis ausweise géifen.

Déi villverbreete Meenong, am Norden géng net vill geschéien, schéngt also zumindest a Schoulfroen net ze stëmmen.

Ganz am Gegendeel, do schéngt a ville Stied a Gemengen e frësche Wand, vollgelueden mat pädagogescher Opbrochstëmmung, iwert d’Ardennerkoppen ze blosen an d’muss e bal hoffen, dass déi Brise, déi Dynamik um Terrain, sich och bis an den Zentrum an de Süden vun eisem Ländchen erof duerchsetze kënnen.

D’Wëlzer Schoulen, an domat sin d’Enseignants an d’Schüler gemengt souwéi och déi exzellent Zesummenaarbecht mat der Gemeng a mat der Elterevereenegung, sin also dëst Joer d’Laureate vum FGIL Nic. THOMA Preis, vum Jury erausgesicht ënner net manner wéi 10 elauter valablen Kandidaturen.Eigentlech hätten Wëlzer Schoulen schon eng offiziell Unerkennung verdéngt gehat, wéi se virun e puer Joer déi historesch intressant a kulturell groussarteg 50 Joer Feier vun hirer neier Schoul organiséiert haten, Mee et sollt nëmmen „partie remise sin“: Kurz drop, während dem Schouljoer 2002 - 2003 hu se nämlech an hire Klassen dee formidablen Ëmwelt Projet lancéiert ëm deen et haut geet a wou aktiven Emweltschutz duerch eng maximal Offallvermeidung an eng propper a sëcher Offallentsuergung vum Restmüll viséiert sin.

D’Valeur écologique vum Projet gëtt sëcherlech schon aléng doduerch ënnerstrach, dass d’Wëlzer Schoulen am Dezember 2003 als éischt Primärschoul am Land vum Ëmweltminister a vun der Chambre des Métiers den offiziellen „ Qualitéitslabel fir eng ekologësch Offallgestioun“ kritt hun.

D’Initiative selwer gouf a perfekter Teamaarbecht vun enger gudder Dozen Enseignants geplangt an duerchgefouert. Léierpersounen, déi sech zesummefonnt hun, wéi et esou schéin an der Kandidatur heesscht, „sous la houlette de l’institutrice Simone URBE“.

Mir wëssen: Bei der Houlette handelt et sëch ëm e gemütlechen, paisiblen Hirtestaf, et kann also hei kéng Rieds goen vun engem strengen, dirigistesche Kommando, éischter vun énger motivéirender Guidance, wéi dat jo och an engem Team vu Leit, déi un engem Strack zéien, üblech ass.

Et brauch éen 2005 kéngem zu Woltz an och kéngem heibannen méi dës langen an des bréden ze erkären, dass dësen Schoulprojet eng wichteg, nobel an indispensabel ëmweltpolitesch Finalitéiet verfollegt huet.

De Problem wor villméi, de Schüler dësen ëmweltpoliteschen Message op eng kandsgerecht, dat heescht à la fois kloer a flott Manéier ze vermëttelen, an en plus eng konstruktiv Mataarbecht, jo Begeeschterung bei de Gemengenautoritéiten an ënnert der Eltereschaft ze erréchen. Béides ass gelongen, an dofir goufen vum Léierpersonal a vun de Schüler wirklech keng Méien gescheit et gong un mat engem Informatiouns- Dépliant un all Elteren: Sie sollten nämlech mathëllefen, ronn 600 Wëlzer Schoulkanner dozou ze bréngen, keng Séissegkeeten méi mat an d’Schoul ze bréngen: d.h. keng 1Weefläschen a Cannetten méi, ken Alu- oder Sëlwerpabeier. Gemeng an Elteren goufen ermontert an iwerzeegt, a méi durabel Schoulmaterialien ze investéieren

Poubellen mat verschiddenen Farwen goufen an de Schoulen opgestallt, fir eng optimal Restmülltrennung ze erréchen

Didaktesch a pädagogesch gouf dat Ganzt begleed an ënnerstëtzt duerch e.a.e Schüler-Modedéfilé aus recykléirtem Material, eng Art Müllmodenschau.

D’Schüler haten während der Ouschtervakanz intensiv a mat vill Phantasisie un dësem, sëcherlech speziellen Défilé geschafft a sie goufen dobai enkadréiert vun der Equipe vu den Educatricen vum Service éduvatif.

Fir déi Kléng bis zum Ennergrad gouf e Molbuch mam Titel “ Meuterei am Drecksdëppen“ elaboréiert a publizéiert. D’Illustratiounen wore vun der Madame Mim Esch-Hofferlin, Texter vun der Madame Simone Urbé.

Et koum zu enger grousser Expositioun mat Bastelarbechten, Photoreportagen, Musek an Texter zum Thema „Alles Dreck, oder ?“ Expo un där all Kanner vum précoce iwwert de préscolaire bis zum primaire deelgeholl hun a wou déi zahlreich Visiteuren an d’Wonnerwelt vum Tetra-Petra entfouert goufen.

Déi zwee lescht Schouldeeg am Juli 2003 hun d’ Schüler vum Uewergrad ënnert der Regie vun 2 Enseignants a mat vill Erfollech de Musical “ Et ass 5 vir 12 “ virgedroen.

De Succès wor sou grouss, datt d’Joer drop, also am Juli 2004, mam Stéck “Momo“ nees e neien Musical geschriwen an opgefouert gouf.

Onnëtz ze soen, datt mat dëser regelrechter Panoplie vu schouleschen a paraschouleschen Initiativen net nëmmen d’Wëlzer Kanner mais doriwwer eraus eigentlech d’ganz Wëlzer Populatioun fir e wichtegen Ëmwelprojet begeeschtert an iwerzeegt goufen, eng Saach déi an der gesamter Tagespress awer och am Infoblad vun der Gemeng Wolz gebührend kommentéiert a gelueft gouf. Et kann een also soen, dass déi Wëltzer dëst Joer würdeg a verdéngten Nicolas THOMA Preisträger gi sin.

(...)