Revue de presse



Articles




Nouvelles - 05/10/2017

RTL.lu : "24 portugisech Enseignanten a Lëtz. Schoule beschäftegt"





Den Educatiounsminister Claude Meisch huet an deem Kontext matgedeelt, dass aktuell 24 Enseignanten, déi vu Portugal zur Dispositioun gestallt goufen, a Lëtzebuerger Schoulen beschäftegt sinn. Op déi Manéier soll déi plurilingual Entwécklung bei de portugiseschsproochege Kanner gefërdert ginn an hinnen erméiglechen, hir Schoul besser ze packen. Dat wier 1 Schüler op 4, huet et vum zoustännege Minister geheescht. Dës Initiative schreift sech an eng Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg a Portugal, déi am Abrëll dëst Joer an engem sougenannte Memorandum festgehale gi war.

Et ginn 3 verschidden Typpen vun Enseignement vum Portugiseschen an der Lëtzebuerger Grondschoul. Et sinn dat zum Beispill integréiert Coursen, wou déi betraffe Kanner aus de Cyclen 2 bis 4, zwou Stonnen d'Woch aus der Klass geholl ginn, a Fächer wéi Eveil a Sciences op Portugisesch enseignéiert kréien. Fir dëst Schouljoer sinn et zéng Gemengen, déi am ganze 65 sou Coursen proposéieren.

Zanter der Rentrée kënnen d'Gemengen och alternativ Coursen ubidden, deemno zousätzlech Stonnen. Et sinn dat zwou Stonnen fir d'Schüler vun de Cyclen 2 bis 4, baussent den eigentleche Schoulstonnen, d.h dënschdes an donneschdes mëttes. Dräi Gemengen, et sinn dat Esch, d'Stad, an do méi spezifesch de Garer Quartier, a Réimech organiséieren den Ament am ganzen 46 sou Coursen.

Donieft leeft ee Pilotprojet fir d'Kanner vum Cycle 1, a Collaboratioun mat de Chercheuren vun der Uni Lëtzebuerg. Dëse Projet gesäit vir, dass ee portugiseschsproochegen Assistent während zwou Stonnen d'Woch an enger Klass present ass, nieft dem eigentlechen Enseignant. Aktuell gëtt des Method a ronn 30 Klassen applizéiert. Eng Evaluatioun vun dësem Pilotprojet ass fir d'Enn vun dësem Schouljoer geplangt.

lire la suite


Nouvelles - 05/10/2017

Luxemburger Wort : "Sorgenkind Klassenzimmer"



lire la suite


Nouvelles - 05/10/2017

Le Jeudi : "L'Ediff très mécontente"



lire la suite


Nouvelles - 05/10/2017

Le jeudi : "Grogne dans l'éducation"



lire la suite


Nouvelles - 05/10/2017

Le Jeudi : "L'asservissement"



lire la suite


Nouvelles - 04/10/2017

RTL.lu : "Anstänneg Datz Punkto Educatioun fir de Claude Meisch"



Déi stäerksten Oppositiounspartei geet mat wéineg Optimismus an dat lescht parlamentarescht Joer virun de Wahlen den nächsten Hierscht.



"Mir erwaarden eis carrement näischt, dann ass d'Gefor am klengsten, dass mer enttäuscht ginn", sot de Fraktiouns-Chef Claude Wiseler e Mëttwoch de Moien, deen awer betount huet, dass et eng ganz Rëtsch vu wichtegen Dossiere géif ginn, wou d'CSV sech konkret Propositioune vun der Majoritéit erwaart.



Besonnesch a Punkto Educatioun missten déi enorm Onrouen ophalen, déi den Ament herrschen. Dat wier awer majoritär och dem zoustännege Minister verschëlt, deem seng Politik vum Claude Wiseler eng anstänneg Datz krut.

Et hätt een et hei mat engem Minister ze dinn, dee Reformen iwwerstierzt an déi net ausgeräift sinn. Hie géif alles schéi rieden an enger éischter Etapp a wann hien et net méi fäerdeg bréngt, der Administratioun d'Schold ginn. An dann dierften d'Enseignanten anscheinend emol net méi driwwer schwätzen. Schlussendlech gëtt dann och nach d'Press ugegraff.

Fir d'CSV ass dat eng Attitüd, déi net acceptabel ass.
 
Et géif ee kloer mierken, dass d'3er-Koalitioun elo schonn de Kapp an de Sand géif stiechen a just nach Wahlkampf-Politik géif maachen. E "Schéi-Geschwätz vum Duercherneen" huet de Claude Wiseler et e Mëttwoch de Moie genannt.

lire la suite
1 254 255 256 258 259 260 386