Prix Nic. Thoma



>> le règlement



Nouvelles - 09/03/2011

Prix nic Thoma 2011: Laudatio vum Ed Kirsch



Remise du Prix Nic. THOMA de la FGIL à Mme Monique ADAM (SEW)



2 mars 2011, auditorium du Cercle-Cité, Luxembourg





Et ass mir eng grouss Freed, Iech an dësem wonnerschéinen neien Auditoire vum Cercle – Cité, matten am Häerz vun der Stad, am Numm vun der FGIL a vum Jury Nic. Thoma begréissen ze kënnen.



Mir sinn hei zesummekomm, fir der Kollegin Monique Adam den Nic Thoma Preis 2010 ze iwwerreechen an och fir der Initiative “amitié -Amizero“ aus der Schoul “Am Sand“ vun Nidderanven eng Unerkennung fir hir flott Projeten zoukommen ze loossen.



Et ass op zweeërlee Manéier e spezielle Prix Nic. Thoma, well et engersäits elo schon deen 20ten an der Rei ass, e ronne Jubileum deemno, an anerersäits an der aktueller Form awer och dee Leschten: d'nächst Jor wëlle mir eisem Preis nämlech eng nei Form ginn, fir nach méi efficace d'Uleiesse vun der lëtzebuerger ëffentlecher Schoul ze ënnerstëtzen.



Mir hunn als FGIL dee Preis viru 25 Jor an d’Liewe geruff, fir un ee bedeitende Schoulmeeschter a Militant vun der FGIL, den Nic. Thoma ze erënneren – Eenzelner heibannen hunn eise sympatheschen an iwwer eraus kompetente Sekretär nach perséinlech gutt kannt – mais virun allem, wéi d’Reglement et seet, Organisatiounen, Organismen oder Persounen ze beloune respektiv z’ënnerstëtzen, déi duerch hir Aktivitéiten d’ “prestations scolaires, para-et périscolaires » vun der école publique innovéiert an ausgebaut hunn oder hiren Impakt an der Gesellschaft verstäerkt hunn.



An deem Sënn ass de Preis wéi gesot bis elo 20 mol attribuéiert ginn, 7 mol goung en un intressant lokal oder national Schoulinitiativen, 6 mol u grouss a kleng Gemengen, 5 mol u Persoune wéi Schrëftsteller oder Schoulmeeschteren, déi Kannerbicher geschriwwen oder gréisser schoulesch Projete lancéiert hunn an 2 mol u Parlamentarier,ni, bis haut jiddefalls, un e Gewerkschaftler oder eng Gewerkschaftlerin.



Dat ass e grousse Manktem an eise Jury wor menger Usiicht no gutt beroden, fir dëst Jor där Saach an Enn ze bereeden.



Et ass jo esou, zumindest am ideale Fall, dass d’Schoulpolitik aus engem permanenten an intensiven Dialog tëschent de Schoulpartner – dat heescht d’Politik, d’Léierpersonal an d’Elteren – eraus diskutéiert an definéiert misst ginn, an do hunn eis Enseignantssyndikater eng iwwer eraus wichteg Roll ze spillen.





Mam Monique Adam, Presidentin während 15 Jor vum SEW-OGB-L, ass de Choix op eng Syndikalistin gefall, déi un der Spëtz vun hirer Gewerkschaft, zesumme mat hire Kollege aus der Direction Syndicale an aus den Departementer, ëmmer dofir gesuergt huet, datt hir Organisatioun net als reng korporatistesch Lounmaschinn fonctionnéiert huet mä an all deene Joren, an dat kann een un Hand vun onzielegen Texter noliesen, virun allem ëmmer den Interêt General vun der ëffentlecher Schoul, de Schoulfortschrëtt an d'Chancëgerechtegkeet, och d’gemeinsam Demarche vun de verschiddenen Enseignantë Kategorien engagéiert verdeedegt huet.

Dat ass nach laang net einfach an och net normal, an der lëtzebuerger Fonction Publique an och am Enseignement, wou nach ëmmer vill Leit méi op d'Ënnerscheeder pochen a vun Ënnerscheeder liewen ewéi vum Interêt General an déi am léifsten d'Schoul vum Ufank vum 20te Jorhonnert an och d'Barème vun deemools nees géifen aféieren.



Parenthèse: mir hunn dat nach virun e puer Deeg musse feststellen, ewéi nees eng Enseignantsgewerkschaft an d'Press gaangen ass a mat schaarfe Wieder ugeprangert huet, datt e falsch wor, de Schoulmeeschteren – ech zitéieren: matten an der Wirtschaftskris – eng Revalorisatioun vun hirer Carrière zou ze gestoen.



D'Monique Adam, un der Spëtz vum SEW, huet et während all deene Jore fäerdeg bruecht, an ech menge wierklech, dat ass ee vu senge ganz grousse Meriten, datt am SEW d'Enseignanteën an d'Erzéier aus deene verschiddenste Kategorië positiv a solidaresch zesummegeschafft hunn, am iwwergeuerdneten Interêt vun der Educatioun.



Dat ass net ëmmer einfach an evident, dofir brauch ee Fangerspëtzegefill, d'Fäegkeet nozelauschteren, deenen aneren hir Problemer verstoen an irscht huelen a valabel Kompromësser ausschaffen, eng Demarche, déi eiser Lauréatin vun haut an all deenen Joren ëmmer gelongen ass.



15 Joer un der Spëtz vum SEW, dir Dammen an dir Hären, léif Kollegen, dat ass e laangen Dag. Am Konkreten heescht dat, an ech iwwerdreiwe bestëmmt net,

  • Honnerte vun Articles de fond respektiv Leitartikelen zur Schoulpolitik
  • Grad esouvill Avis, Rieden a Rapports
  • laang an zéi Verhandlunge mat dräi successive Schoulministeschen a Ministere vun der Fonction Publique, mat Gemengen a mat anere Gewerkschaften
  • Elaboratioun vu Broschüren zur Schoulproblematik, Organisatioun vu Konferenzen a Seminairen.





All déi Tâchen huet d'Monique Adam ëmmer perfekt preparéiert a gewëssenhaft duerchgefouert, huet esou och hir Gewerkschaft, den SEW, beharrlech weider op- an ausgebaut.

Ech däerf drun erënneren:



Wéi d'Monique Adam 1996 d'Spëtz vum SEW iwwerholl huet, wor dee Syndikat zwar scho 17 Joer al – e wor 1979 gegrënnt ginn – mä e stoung, no 3 méi kuerze Presidentschaften, gewëssermoossen an enger phase de stagnation.



Dat kann een och aus de Resultater bei de Sozialwahlen erausliesen.



1996, z. B., kruten d'Kandidate vum SEW bei de Wahlen an d'Unterrichtskommissioun 28 respektiv 23 Prozent vun de Stëmmen, um Schluss vum Monique Adam senger Presidentschaft konnt dat Resultat op 50 respektiv 34 Prozent ausgebaut ginn.



Dat Selwecht gëllt fir d'Wahlen an d'Chambre des Fonctionnaires, wou 2010, am Grupp vun de Schoulmeeschteren, dat exzellent Resultat vu 25,8 % vun de Stëmmen erreecht konnt ginn, dat bescht Resultat vun allen Net CGFP Gewerkschaften, déi bei deem Scrutin matgemaach hunn.



Domadder ass och d'Ziel erreecht ginn, aus dem SEW definitiv eng sektoriell repräsentativ Gewerkschaft am ëffentlechen Déngscht ze maachen, en Uleiëss, dat eiser Lauréatin bestëmmt uewe loug a läit.



Et ass onméiglech, hei an haut op d'Detailer vum Monique Adam senger Gewerkschaftsaarbecht vu ronn 15 Joer SEW, Presidentschaft anzegoen.



Et woren an der lëtzebuerger Schoulpolitik beweegte Joren, Joere, wou et zu groussen Ausenanersetzunge koum an och, entgéint vun deem wat muenchmol ugeholl gëtt, zu dach awer grousse Verännerungen a Reformen.



Ech wëll just kuerz probéieren, d'schoulpolitesch Schwéierpunkten am Monique Adam senger laanger Presidentschaft kuerz ze ëmräissen.







Grondschoulreform

Eigentlech huet et sech oft ëm déiselwecht Problemer a Fuerderunge gehandelt, an eenzelner, wéi z. B. dat neit Schoulgesetz fir d'Grondschoul, stoungen iwer déi ganz Zäit uewen op der Dagesuerdnung.



D'Verhandlungen zum neie Schoulgesetz goufe mat net manner wéi 3 Ministesche gefouert an et ass absolut ze bewonneren, wéi d’Präsidentin vum SEW ni de Courage oder d'Gedold verluer huet, fir ëmmer erëm an d'Offensive ze goen a bei der Reform vum Gesetz vun 1912 beharrlech um Ball ze bleiwen.



Onvergiesslech an deem Kontext ass dem Monique Adam seng engagéiert, jo passionnéiert a sécherlech decisiv Usprooch, den 11. Dezember 2007 zu Bartreng an der Sportshal, virun 1600 voll mobiliséierte Schoulmeeschteren a Léierinnen, wou et drëm goung, zesumme mam neie Schoulgesetz och an endlech eng längst fälleg Opwäertung vun der Carrière anzefuerderen,



déi richteg Carrière elo – erauszeschloen, net nëmme wéinst de Barèmen, mä och a virun allem wéinst der Image de Marque vum Schoulmeeschter, fir ze garantéieren, dass hien, den Titulaire de Klasse, an Zukunft op gläicher Aenhéicht mat deenen aneren Intervenanten an der Schoul zesummeschaffe kann.



Dobäi ass et net nëmmen drëm gaang, nodeems am Ufank vu senger Präsidentschaft éischt onhaltbar Projeten ofgewiert konnte ginn, dat neit Schoulgesetz am Sënn vun enger besserer Schoul fir all eis Kanner ze beaflossen an ze amendéieren, mä och eng Abberzuel vu Reglementer ze aviséieren. Den Haaptverdéngscht, datt am neie Grondschoulgesetz de Prinzip vun der Cogestioun, vun de gewielte Schoulkomiteeën, vun de Comités de Cogestioun a vum gewielte Präsident vum Comité d'école, contre vents et marées, muss ee leider soen, erkämft konnt ginn, muss een dem Monique Adam zouschreiwen.



A senger Gemeng Lëtzebuerg, wou hat säit Joren an der Garer Schoul enseignéiert, a wou hat à la fois Lehrergeléiert wéi och Presidentin vum Comité de Cogestioun wor, huet hat agesinn, datt déi bescht Manéier, d'zesumme mat de politesch Responsablen d'Schoul ze organiséieren, d'Teamaarbecht anzeféieren, d'Permutatiounen ze assuréieren a pädagogesch ze innovéieren, eng responsabel Matbestëmmung ass.



Et ass anläßlich vun den Debatten zur Grondschoulreform vun engem mandatéierte Parteispriecher an der Chamber zu recht ënnerstrach ginn: d'Hierarchieséirung vun der Schoul, de Fait datt et Direktere gëtt, wéi dat z. B. am Secondaire de Fall ass, ass nach laang keng Garantie, datt et klappt, datt innovéiert gëtt, datt reforméiert gëtt.

Oft ass de Contraire de Fall, d'Hierarchie ouni echt Matbestëmmung ass dann éischter eng Brems ewéi eng Hëllef, wann et drëm geet, d'Schoul ze reforméieren oder flott Projetsen ze initiéieren.





Mir als FGIL si jiddefalls dem Monique Adam dankbar datt et zesumme mat senge Mataarbechter am SEW de Prinzip vun der Matbestëmmung an déi nei Texter eragerett huet.

D'Experienz vun den éischte Joere beweist, trotz normalen Ulafschwieregkeeten, datt et fonctionnéiert. Et muss een deene Strukturen natierlech déi néideg Moyensen zougestoen, och a Form vun Dechargen, do ass sécherlech nach Handlungsbedarf.



Eisen heitegen Éierepresident vun der FGIL, de René Worré, wor deen éischte Lehrerdelegéierten hei am Land, dee seng Gemeng, d'Stad Lëtzebuerg, dovun iwwerzeege konnt, datt eng reglementéiert Cogestioun dee richtege Wee fir eng gutt a fortschrëttlech Schoulpolitik ass, a mir si frou, datt dat och elo um nationale Plang duerchgesat konnt ginn.



D'Formatioun

Deen aneren Domän, wou dem Monique Adam seng Verdéngschter net héich genuch kënnen ageschat ginn, ass d'Fro vun der Formatioun initiale vum Schoulmeeschter.

Mat Nodrock huet hat während Joren a Joren ëmmer erëm bewisen, datt Lëtzebuerg an där Fro amgaang wor, an Europa d'absolut Schlussliicht ze ginn an datt de Conseil de Gouvernance vun der UNI Lëtzebuerg an der Fro vun der Lehrerbildung de Bolognaprozess verschlof hat.

D'Monique Adam huet mat Nodrock a fondéierten Texter an Interventiounen ëmmer erëm ënnerstrach, d'Léierin an de Schoulmeeschter bräichten och zu Lëtzebuerg, wéi an anere schoulfortschrëttleche Länner üblech, en Ofschloss vum Niveau vun engem Master. Grad déi klengst, déi jéngste Schüler brauchen déi am Beschte forméiert Pädagogen, wéi z. B. am vill zitéierten a geluefte Finnland.



Den SEW huet dofir 2005 aktiv un där grouisser Master - Petitiounsaktioun deelgeholl a matgehollef 1600 Schoulmeeschtesch-Ënnerschrëfte fir eng voll universitär Initialausbildung anzesammelen.

D'Solutioun, déi finalement zréckbehale gouf, de Bachelor plus, wann een esou soe kann, mat 240 ECTS eppes méi wéi e Bachelor, eppes manner wéi e Master, ass sécherlech keng glécklech an och net “der Weisheet letzer Schluss”. T'ass bestëmmt och ee vun deenen Dossieren, wou d'Monique Adam weider wäert dohannert bleiwen, mat deem Engagement, wat mir vun him kennen.



Mam Grondschoulgesetz a mat der Formatioun des Maîtres hunn ech, mengen ech, déi 2 Dossiere gesträift, wou d'Lauréatin vun haut am meeschten Energie an Zäit opbruecht huet, fir eis Schoul weiderzebrengen.

Et därf een awer net vergiessen, datt d'Monique Adam sech och a villen aneren Domäne vun der ëffentlecher Schoul voll agesat huet. Ech wëll do just schnell opzielen, ouni an den Detail ze goen



  • 2002 déi grouss ugeluechte Campagne mat Petitioun a mat Proteststänn an de grousse Gemenge fir d'ëffentlech Schoul a géingt dat deemols neit Privatschoulgesetz, eng Aktioun, wou mir als FGIL och voll dohannert stoungen
  • de permanenten Engagement fir genügend, qualifizéiert Léierpersonal, op alle Stufe vum Enseignement a géingt d'Praxis vun den ëmmer méi Iwwerstonnen
  • d’ Diskussiounen an d’Avisen zum Passage primäre-postprimaire
  • d'Reform vum Regime Preparatoire an d'Integratioun vun de Schüler an den Enseignantë vum fréiere Complémentaire an den Enseignement Secondaire technique
  • de Konflikt iwwer Diplomer an der Carrière vum Educateur a vum Educateur gradué
  • déi successiv Virschléi zur Fro vun de Chargés de Cours an déi jeeweileg Konflikter a Prozesser op de Geriichter
  • eng Rei Konflikter mat Gemenge wéinst net agehalenen Permutatiounreglementer
  • Demarchë fir d'Generalisatioun vun der Educatioun Morale et Sociale

    · d'Elaboratioun vun enger Broschür, gemeinsam mam Syndikat vun de portugisesche Professeren, mat ganz konkrete Virschléi zur Situatioun vun de Kanner mat Migratiounshannergrond
  • d'Fro vun der Educatioun Précoce an déi vun de rhytmes scolaires
  • d'Fro vun de socles de compétence an de cycles d'apprentissage, en Thema wou extra eng gutt besichten Journée de réflexion organiséiert gouf a wou wäertvoll Virschléi ausgeschafft goufen, déi leider net all oder soll ee soen, nach net all, vun der Politik ëmgesat goufen. Dobäi woren déi Virschléi gemeinsam vu Gewerkschaftler, Enseignants vum Terrain, Elteren a Vertrieder vum Ministère ausgeschafft ginn a géifen dozou beidroen, deen aktuell absolut iwerdriwenen Paperassekrich ozzebauen






Ech mengen, wann een dat alles bedenkt, wann ee konstatéiert, wéi d'Presidentin vum SEW während all deene Joren d'Schoulpolitik an engem fortschrëttlechen a schülerfrëndleche Sënn beaflosst huet, kann een nëmme soen:



eis Kollegin, d'Monique, huet deen Nic. Thoma Preis 2010 voll a ganz verdéngt.



Subsid fir “Schoul am Sand (Niederanven) – Amizero”

D’Schoul “Am Sand” kritt bei Geleegenheet vum Nic. Thoma Preis och e Subsid fir hire Projet “amitié Am Sand – Amizero” ze ënnerstëtzen.

Bei deem Projet gi Fonge gesammelt, fir am Rwanda, méi genee zu Ruhango, eng Schoul matzefinanzéieren, didaktesch ze hëllefen, Schüler- an Enseignantskontakter tëschent Niederanven a Ruhango ze favoriséieren a beizedroen, eng Mutuelle fir d’Enseignants vun dohannen opzebauen..

D’Schoul “Am Sand” ass am Cercle-Cité vertrueden duerch d’Kollegen a Koleginnen:

Mireille Di Tullo, présidente de “amitié Am Sand-Amizero asbl”

Schmit Mike, président du comité d’école

Colettre Poos, secrétaire de “amitié Am Sand-Amizero”
lire la suite


Nouvelles - 10/02/2011

Remise du Prix Nic Thoma 2010



Remise du Prix Nic Thoma





Invitation






La FGIL a l'honneur et le plaisir
de vous inviter très cordialement
à la remise du prix Nic. Thoma
qui aura lieu
le mercredi 2 mars 2011 à 18.30 heures
au Cercle-Cité.





Le prix Nic. Thoma 2010 de la FGIL
est décerné à Mme Monique ADAM,
institutrice, présidente du SEW/OGB-L
de 1996 à 2010, en reconnaissance
de ses grands mérites pour la
démocratisation de l'école publique,
la formation des enseignants et
l'image de marque des instituteurs.



La remise du prix sera suivie d'un cocktail dînatoire.


lire la suite


Nouvelles - 17/02/2005

Remise du Prix Nic Thoma 2005



17 février 2005
à l'hôtel Parc Belair à Luxembourg



>>> photos<<<
lire la suite


Nouvelles - 28/02/2002

Remise du Prix 'Nic Thoma' 2002



lire la suite


Nouvelles - 27/02/2002

D'Laureate vum Nicolas Thoma Präis 1987-2002



lire la suite